Online Hate Speech bekämpfen

Stéieren dech haasserfëllt Kommentaren um Internet? Wëlls du Hate Speech bekämpfen an déi Leit ënnerstëtzen, déi dovu betraff sinn?

Den 28. Oktober organiséiert d‘Gréng Stëftung eng Table Ronde am Centre Sociétaire et Sportif Gare, wou mir mat Personnagen aus der Zivilgesellschaft dem Phänomen vun Hate Speech op de Grond ginn, aus ënnerschiddleche Perspektive beliichten an och beschwätze wéis du – a wéi mir all zesummen - (online) Hate Speech erkennen a bekämpfe kennen. Dëst gett am Kader vum (online) Cours “Hate Speech bekämpfen” organiséiert, deen  d‘Gréng Stëftung an Zesummenaarbecht mat der European Green Foundation (GEF) erstallt huet an elo all deene Mënschen, Organisatiounen a Schoulklassen zur Verfügung stellt, déi sech méi staark an op interaktiv Aart a Weis mam Sujet “Hate Speech” befaasse wëllen.

Komm diskutéier mat eis an eisen Invitéen vu Respect.lu, Rosa Lëtzebuerg a weideren Organisatiounen!

Moderatioun: Philippe Schockweiler an Tanja Duprez

Umeldung per Email: info@grengsteftung.lu


FR: Les commentaires haineux en ligne te dérangent-ils ? Tu veux lutter contre les discours de haine et soutenir ceux et celles qui en sont victimes ?

Le 28 octobre, la Gréng Stëftung organise une table ronde au Centre Sociétaire et Sportif Gare, où, ensemble avec des personnalités de la société civile, nous explorons le phénomène du discours de haine de différents points de vue et découvrons ensemble comment nous pouvons agir pour prévenir des discours haineux en ligne. L’événement aura lieu dans le cadre du lancement du cours en ligne “Hate Speech bekämpfen”, créé par la Gréng Stëftung en collaboration avec la European Green Foundation (GEF), qui est désormais disponible pour toutes les personnes, organisations et classes scolaires qui souhaitent examiner le phénomène du “discours de haine” de plus près et de manière interactive.

Viens discuter avec nous et nos invité-e-s de respect.lu, Rosa Lëtzebuerg et autres!

Modération: Philippe Schockweiler et Tanja Duprez

Réservez votre place par email: info@grengsteftung.lu

Comments are closed.