En français svp ?

Chancen an Erausfuerderunge vun der Méisproochegkeet um Lëtzebuerger Aarbechtsmaart.

D’Gréng Stëftung invitéiert op eng Konferenz mat Podiumsdiskussioun,

den Dënschdeg, 28. Mäerz um 19:00 Auer am Forum Da Vinci
6, Boulevard Grande-Duchesse Charlotte / L-1330 Luxembourg

Introduktioun vum Fernand Fehlen, Sproochesoziolog

Podiumsdiskussioun mam:

  • Christiane Wickler, Administrateur délégué am Pallcenter a Presidentin vun der Fédération des femmes cheffes d’entreprise au Luxembourg
  • Monique Birkel, Directrice des Soins am Centre Hospitalier de Luxembourg
  • Philipp von Restorff, Head of Communication and Corporate Secretairat bei der ABBL
  • Patricia Helbach, Chargée de Direction vun den Hospices Civils Pafendall an Hamm
  • Valérie Massin, Head of HR Luxembourg bei ArcelorMittal
  • Claude Adam, Deputéierte bei déi gréng

Moderatioun: Bérengère Beffort, Journalistin (Lëtzebuerger Wort)

Vun deenen 393.000 Salariéen déi Enn 2016 hei am Land geschafft hunn, waren 177.000 Frontalieren an 109.000 auslännesch Residenten. Nieft deenen dräi Verwaltungssprooche (Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch) sinn och aner Sproochen, net zulescht déi englesch Sprooch, ëmmer méi wichteg. D’Méisproochegkeet ass deemno e feste Bestanddeel vum Lëtzebuerger Aarbechtsmaart. D’Sproochebedürfnisser an der Aarbechtswelt sinn haut anerer, wéi nach virun 20 Joer.

  • Wéi gesinn den Alldag an d’Praxis vum Lëtzebuerger Aarbechtsmaart aus?
  • Wat sinn d’sproochlech Uspréch an deenen eenzele Wirtschaftssecteuren?
  • Wéi gesäit eng erfollegräich Sproochegestioun an der Entreprise aus? (Best Practices)
  • Wéi kéint een de legale Kader fir d’Promotioun vun der Méisproochegkeet verbesseren?
  • Wat bedeit dëst fir de Sproochenunterrecht an eise Schoulen?

Iwwer dës a méi Froen diskutéiere mir op eiser Podiumsdiskussioun mat Vertrieder aus verschiddene Wirtschaftssecteuren, an natierlech och mam Publikum.

Den Owend gëtt bei engem Patt ausklénge gelooss.

Une traduction simultanée vers le Français sera assurée.

Comments are closed.