D’Dignitéit am Déiereschutzgesetz

Eng Chance fir d’Lëtzebuerger Landwirtschaft

D’Gréng Stëftung invitéiert op eng Konferenz mat Table ronde

Mëttwoch, den 26. Oktober um 18:30 Auer
an der Rotonde zu Bouneweg.

Introduktioun vum
Stéphane Decker, Affekot a Conferencier

Diskussioun mat

  • Fernand Etgen, Minister fir Agrikultur, Wäibau a Konsumenteschutz
  • Jérôme Reuter, Member vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer
  • Gérard Anzia, Deputéierte vun déi gréng a Member an der Agrarkommissioun
  • Julie-Suzanne Bausch, Enseignante fir Philosophie
  • Stéphane Decker, Affekot
  • Sonja Thill, Veterinärin an Ingenieurin fir Agrikultur an Ëmwelt

Moderatioun: Thorunn Egilsdottir, Senior Marketing Manager Editpress

    An deem neien Déiereschutzgesetz soll fir d’éischte kéier zu Lëtzebuerg d’Dignitéit vun den Déieren geschützt ginn. Mä wat bedeit dat herno fir d’Déieren am Allgemengen a speziell d’Notzdéieren? Kann hir Dignitéit iwwerhaapt an der landwirtschaftlecher Haltung respektéiert ginn?

    Iwwer dës a méi Froen diskutéiere mer op eiser Table ronde mat Vertrieder aus dem Landwirtschaftssecteur, sou wéi Experten aus de Beräicher Droit, Philosophie a Veterinärmedizin.

    Den Owend gëtt bei engem Patt ausklénge geloss

    Mediepartner: Tageblatt

    Comments are closed.